Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemëschte Reaktiounen op Annonce vum Luc Frieden bei der NATO

No Versprieche un d'NATO

Gemëschte Reaktiounen op Annonce vum Luc Frieden bei der NATO

An der Suite vun der Annonce vum Luc Frieden bei der NATO zu Bréissel seet de fréiere Verdeedegungsminister Francois Bausch, datt net de ganze versprachene Budget eenzeg an eleng an den NATO-Fong fléisse soll. Fir de Politiker vun déi gréng géif et och drëms goen déi Suen zu Lëtzebuerg ze investéieren.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Nei ass dës Annonce net. Déi viregt Regierung hat scho leschte Summer am Kader vum NATO-Sommet ugekënnegt, méi an d’Defense investéieren ze wëllen. D’Ambitioun, an den nächste fënnef bis zéng Joer op zwee Prozent vum Revenu National Brut ze kommen, fënnt de François Bausch mat Bléck op déi aktuell budgetär Situatioun sportlech.

Dem fréiere Verdeedegungsminister ass et wichteg, datt op d’mannst een Deel vun dësen Investissementer hir Repercussiounen op Lëtzebuerg hunn. Fir hien ass kloer:

“Mir hu jo natierlech eppes vun der Verdeedegung, well mir hannert dem Schutzschierm vun der NATO stinn, dat ass ganz kloer. Mee et geet awer och drëms, datt déi Suen investéiert ginn, och wirtschaftlech zu Lëtzebuerg. Well dat mécht all Land an Europa, déi grad Sue fir d’Defense ausginn. Mir hunn zwar keng Rëschtungsindustrie zu Lëtzebuerg, mee mir hunn awer aner Secteuren zu Lëtzebuerg: Satellitteberäich, Espace, wou mir grad amgaange sinn opzebauen, wou ee gescheit Saache ka maachen.”

Och den LSAP-Deputéierte Georges Engel fuerdert, datt net nëmmen an d’Rëschtungsindustrie mee och an zivil an humanitär Zwecker investéiert gëtt.

Piraten differenzéieren

De Marc Goergen vun de Piraten gesäit et änlech wéi de François Bausch, an ass der Meenung, datt et elo drop ukënnt, a Projeten zu Lëtzebuerg ze investéieren. Hei differenzéiert hien awer nach eemol:

“Huele mir lo als Beispill e Militärspidol fanne mir ganz sënnvoll. Aner Projete wéi verschidde Satellitte fanne mir manner sënnvoll.”

Déi Lénk an ADR géint Erhéijung vu Militärdepense

Anerer Meenung sinn déi Lénk an d’ADR. Den David Wagener vun déi Lénk kritiséiert, datt Lëtzebuerg bereet ass, duebelt esou vill fir d’Defense auszeginn, wéi fir d’Entwécklungshëllef. Och de Fernand Kartheiser vun der ADR ass prinzipiell géint eng Erhéijung vun de Militärausgaben:

“Ech mengen et kann een och higoen an d’OSCE-Konklusioune vun 1999 huelen a rëm dru schaffe fir erëm eng Friddensuerdnung an Europa opzebauen amplaz an een neie kale Krich eranzefueren.”

Chamberkommissioun ass geplangt

E Méindeg ass eng entspriechend Chamberkommissioun geplangt.

Schonn am Summer gouf iwwerdeems festgehalen, datt hei an Zukunft net méi soll de PIB, ma den RNB, also de Revenu National Brut, als Basis geholl ginn, fir den Undeel un d’Defense ze berechnen.

Wéinst de Transferten un d’Frontaliere gëtt et zu Lëtzebuerg e groussen Ënnerscheed tëschent dem PIB an dem RNB. Fir de Verglach: zejoert louch de PIB bei ronn 77 Milliarden Euro, wärend den RNB bei ronn 52 Milliarden Euro louch.

Lauschterenplay_arrow